#1 Kaf lokal

Show notes

Wéi wichteg ass d'Kaffiskultur zu Lëtzebuerg – e Land, wou een net vu "frühstücken" schwätzt, ma ganz einfach vu "Kaffi drénken"? Wéi gesäit d'Liewe vun engem Butteksbesëtzer aus, an enger Stad, wou stänneg gebaut gëtt? A firwat ass et haut méi wichteg wéi jee, lokal anzekafen?

Genee dës Froen huet de Maxime Toussaint dem Vincent Della Schiava, Co-Founder vun de Feierboun Coffeeroasters, gestallt.

Ma net nëmmen dat. De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal ass en "On-Air" Podcast. E gëtt live op eisen Eventer opgeholl an ass esou och partizipativ. Wärend dem Owend hat jiddereen d'Méiglechkeet, Stéchwierder, déi hinnen zum Thema "Kaf lokal" an de Kapp komm sinn, op eise Kaffisdësch ze schreiwen. Dës Iddien a Froen huet de Maxime méi spéit am Gespréich mat afléisse gelooss.

Als Partner vun eisem "Tour de Luxembourg", wäert d'Feierboun eis mat hirem Specialty Coffee op all Etapp begleeden.

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.