All episodes

#4 Traditiounen an enger polariséierter Welt

#4 Traditiounen an enger polariséierter Welt

22m 8s

All Joer kommen um Päischtdënnschden ongeféier 20.000 Leit zu Iechternach zesummen fir ze sprangen.

D'Sprangpressessioun, déi säit 2010 am Patrimoine culturel immatériel de l'humanité vun der Unesco steet, ass en Danz, deen déi Gleeweg maachen, fir net krank ze ginn, esou den Alain Atten, pensionéierten Historiker, Dialektolog a Schrëftsteller.

Als jonke Bouf ass den Alain Atten nach matgesprongen. Zanter 20 Joer ass hien allerdéngs mam RTL do fir den Event ze coveren. Ma net nëmmen: Op eisem Kaffisdësch ass hien nämlech och laanscht komm. De ganzen Dag war d'Ekipp vum Lëtzebuerger Journal nämlech virun der St. Willibrord Basilika, mat guddem...

#3 E Buttek an der Stad

#3 E Buttek an der Stad

34m 30s

D'Stater Braderie fënnt zanter 96 Joer den 1. September statt.

A jidderee verbënnt déi eng oder déi aner Erënnerung mam sougenannten "Schueberfouerméindeg".

Fir d'Mireille Rahmé, Präsidentin vun der Union Commericale de la Ville de Luxembourg (UCVL), ass et net anescht. Wéi si kleng war, ass si ganz fréi opgestan, well hir Mamm Schong kafe wollt. D'Mooss 38 war nämlech ëmmer séier fort. Haut steet si op dësem Dag nach ëmmer fréi op. Dat awer, well si et mat organiséiert a mat ganz ville Leit an d'Gespréich komme muss. Dobäi war natierlech och de Passage op eisem Kaffisdësch e Must. De...

#2 Demokratie fréi léieren

#2 Demokratie fréi léieren

33m 0s

Wat wier, wann eis Kanner un der Muecht wieren? D'Äntwert heescht Mini-Lënster. Eng Kannerspillstad an der Jongen a Meedercher tëscht 6 an 13 Joer an enger fiktiver Stad mat demokratescher Struktur Rollespiller spillen. Se gi schaffen, erliewe wirtschaftlech Prinzippien a gi wielen… fir d'Annabelle Fisch, wat déi zwou Wochen als Buergermeeschtesch ofgeschloss huet.

Parallel start Jonglënster dëst Joer säi Kannergemengerot, an deem hatt och dobäi wäert sinn. Ma wisou ass et esou wichteg, Kanner fréi fir Politik ze sensibiliséieren wat? Wat sinn de Kanner hir politesch Prioritéiten a fierwen déi vun den Erwuessenen op si of? A wéi wäerten d'Kanner...

#1 Kaf lokal

#1 Kaf lokal

31m 35s

Wéi wichteg ass d'Kaffiskultur zu Lëtzebuerg – e Land, wou een net vu "frühstücken" schwätzt, ma ganz einfach vu "Kaffi drénken"? Wéi gesäit d'Liewe vun engem Butteksbesëtzer aus, an enger Stad, wou stänneg gebaut gëtt? A firwat ass et haut méi wichteg wéi jee, lokal anzekafen?

Genee dës Froen huet de Maxime Toussaint dem Vincent Della Schiava, Co-Founder vun de Feierboun Coffeeroasters, gestallt.

Ma net nëmmen dat. De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal ass en "Open Air" Podcast. E gëtt live op eisen Eventer opgeholl an ass esou och partizipativ. Wärend dem Owend hat jiddereen d'Méiglechkeet, Stéchwierder, déi hinnen zum Thema...