#5 Wat bedeit d'Pride fir dech?
Am Joer 1999 gouf et fir déi éischte Kéier eng Pride zu Lëtzebuerg.
Ugefaang huet alles ganz bescheiden, mat e puer Informatiounsstänn op der Place des Capucins ënnert dem Numm Gaymat. Haut schwätzt ee vun der Luxembourg Pride, an déi ass e konterbont Groussevent, mat enger Marche, Musek, Kënschtler*innen a virun allem och enger grousser, lieweger Community, déi gutt gelaunt duerch d'Stroossen bëselt.
Dëst Joer war d'Luxembourg Pride fir déi éischte Kéier säit laangem mol rëm an der Stad amplaz zu Esch. De ganzen Dag war d'Ekipp vum Lëtzebuerger Journal op der Place Clairefontaine mat guddem Kaffi vun der Feierboun,...