
#3 E Buttek an der Stad
D'Stater Braderie fënnt zanter 96 Joer den 1. September statt.
A jidderee verbënnt déi eng oder déi aner Erënnerung mam sougenannten "Schueberfouerméindeg".
Fir d'Mireille Rahmé, Präsidentin vun der Union Commericale de la Ville de Luxembourg (UCVL), ass et net anescht. Wéi si kleng war, ass si ganz fréi opgestan, well hir Mamm Schong kafe wollt. D'Mooss 38 war nämlech ëmmer séier fort. Haut steet si op dësem Dag nach ëmmer fréi op. Dat awer, well si et mat organiséiert a mat ganz ville Leit an d'Gespréich komme muss. Dobäi war natierlech och de Passage op eisem Kaffisdësch e Must. De...